Zweeten Transfer am Hibléck op déi nei Saison

Mam BOBBY JIANG kënnt fir déi nächst Saison e neie Goalkeeper bei den FC Victoria.

De Bobby ass 23 Joer al an huet déi lescht Saison beim FC Berdenia Berbuerg an der Éierepromotioun gespillt.

Virdrun war hien bei de Veräiner vu Gréiwemaacher a Mäertert/Waasserbëlleg aktiv.

Welcome Bobby !