Merci Jeff

Den FC Victoria muss ouni de Jeff Lascak fir déi 15. Saison an der Nationaldivisioun plangen. Knapp dräi Wochen virum Optakt vun der Meeschterschaft 2022/2023 huet eise verdéngschtvollen Offensivspiller schwéieren Häerzens beschloss, fir elo mat dem Fussballspillen an dem Leeschtungssport opzehalen.

Dauerhaft Hëftproblemer hunn dem Jeff och no der OP 2021 an neierdéngs säit dem Start vun der Saisonvirbereedung vill Problemer gemaach. Mat 28 Joer huet de Rousperter Jong déi net einfach Entscheedung getraff an dat mat emotionalen Wierder offiziell dem Comité, an och dem Trainerstaff an de Kaderspiller virum Training e Méindeg Owend offiziell matgedeelt.

Am Palmares vum Jeff, den säit dem 20. Januar 2003 beim FC Victoria lizenzéiert ass, stinn insgesamt 116 Matcher an der Nationaldivisioun. 42 Goaler, dovunner eng Rei mat ganz entscheedendem Charakter, ergänzen d'Statistik. Dobäi kommen 57 Matcher an der Eiérepromotioun mat weideren 45 Goaler, wou hien an der Opstigssaison 2013/2014 beschte Buteur mat 30 Goaler war. Donieft stinn eng Rei Beruffungen an der Lëtzebuerger U21-Selektioun.

Den FC Victoria wäert den Jeff bei enger passender Geleeënheet virun engem Heemmatch offiziell fir seng Verdingschter éieren.