Yan Bouché wiesselt op Rouspert
Fir déi nei Saison wiesselt de YAN BOUCHÉ bei den FC Victoria.
Den 23-järege Mëttelfeldspiller war déi lescht Saison beim FC Jammerbugt an Dänemark a bei Royal Excel Mouscron an der Belsch aktiv.
Virdrun huet hien fir den RFCU Lëtzebuerg an zwou Saisonen 39 Matcher an der BGL Ligue gespillt an dobäi 5 Goaler markéiert.
An der Jugend gouf de Yan, dem säin éíschte Club den CS Gréiwemaacher war, beim OSC Lille, Alemannia Aachen an Arminia Bielefeld ausgebild.
WELCOME YAN !