Ben Vogel wiesselt zréck op Rouspert
Fir déi nei Saison kënnt de Ben Vogel vu Nidderkuer zréck bei den FC Victoria.
Den 28-Järegen ass un der Sauer keen Onbekannten an huet vun 2014-2017 schonns de Rousperter Trikot gedroen.
An der Zäit huet de Ben 73 Matcher fir eise Veräi gespillt an dobäi 2 Goaler markéiert.
WELCOME BEN !
--> Weider Infoen zum Transfert ginn et an der aktueller Episode vum Ben sengem Podcast "Buvette":