Public Viewing EM-Play-off

Fir de wichtege Match vun der Lëtzebuerger Nationalequipe an de Play-offs fir op d'Europameeschterschaft a Georgien organiséiert den FC Victoria den Donnëschdeg 21. Mäerz e Public Viewing an der Buvette vum Fussballsterrain, wou dir de Match kënnt op enger Leinwand suivéieren an de Roude Léiwen d'Daumen drécken. Ustouss vum Match ass um 18.00 Auer.
 
D'Buvette wäert ab 17.30 Auer op sinn.
 
Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt !

Verstärkung fir de Stuerm

Zum Schluss vun der Wantertransferperiod huet den FC Victoria mam Adham El Idrissi e neie Stiermer verflicht.

De 26-järegen Hollänner huet bis lo beim griecheschen Zweetligist PAE FC Kozanis gespillt.

A senger Jugend gouf hien 11 Joer laang beim hollännesche Rekordchampion Ajax Amsterdam ausgebild.

Des weideren koum den Adham och zu 5 Asäz an der U18 vu sengem Heemeschtsland.

WELCOME ADHAM !

Dunga Bunga 2024

Freideg, den 2. Februar 2024

zu Rouspert am Centre Culturel "Reemerhof"

Music: DJ Hoffi & Zambezi

Virverkaf: € 10,00

Oweskeess: € 13,00

Plang vun de Late-Night-Bussen:  -->DOWNLOAD HERE<--

Davis Spruds nees zréck beim FC Victoria

No enger hallwer Saison beim Champion Swift Hesper kënnt den Davis Spruds nees zréck op Rouspert.

De 25-Joer ale Verteideger huet tëscht 2019 an 2023 insgesamt 87 Matcher fir den FC Victoria an der BGL Ligue gespillt an dobäi 12 Goler markéiert.

Viru 4,5 Joer war den Davis vum FC Bitburg op d’Sauer gewiesselt.

Donieft koum hien och zu 4 Asätz bei den U21 vu sengem Heemechtsland Lettland.

WELCOME BACK DAVIS !