Indoor vun de Scolaires an Minimes dësen Sonndeg "am Bongert"
Dësen Sonndeg, den 15. Dezember, ass de ganzen Dag iwwer Halenfussball "am Bongert" ugesot.
Eis Scolaires vun der Ent. Rouspert/Mäertert-Waasserbëlleg spillen ab 9.30 Auer hieren Tournoi vum éischten Tour vum Indoorchampionnat. Géigner sinn do d'Ent. Osten, Ent. Syrdall an Avenir Beggen.
Am Nomëtteg ab 14.00 Auer ass et dann un den Minimes vum FC Victoria, déi géint d'Ent. Syrdall, Daring Iechternach, US Berdorf/Consdorf 01, Ent. Berbuerg/Biwer an Sporting Bartreng untrieden.
Kommt bis laanscht eis Equipen ënnerstëtzen! Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
ALLEZ VICTORIA !!!