Repêchage vun de Pupilles nächste Sonndeg "am Bongert"
Nächste Sonndeg, den 5. Januar, zwee Deeg virum Optakt vum Kayser-Cup, ass schons Indoorfussball "am Bongert" ugesot.
D'Pupilles vum FC Victoria spillen do hiren Tournoi vum Repêchage vum Indoor-Championnat. Géigner vun eiser Equipe sinn Gréiwemaacher, Sandweiler, Kielen an d'Ent. Äischdall. Déi zwou éischt Equipen qualifizéieren sech um Enn fir den zweeten Tour.
Ufank ass um 14.00 Auer.
Fir Iessen an Drénken ass selbstverständlech gesuergt.
Download: --> Programm <--