Pech bleift de Scolaires trei
D'Pech bleift den Scolaires vun der Ent. Ënnersauer-Mëllerdall trei. Nodeems d'Coupe-Final géint den RFCUL am Elefmeterschéissen verluer gaang ass, huet eis Equipe an der Final em den Championstitel duerch e Géigengol an der Nospillzäit mat 1:2 géint den F91 den Kierzeren gezunn. Dobäi koum dësen Gol duerch en zweifelhaften Fräistousspëff vum Arbitter zustaan. Den 1:0-Pausenréckstand haat d'Equipe vum Raffi Duhr & Alex Paulos nach gudd weggestach an konnt 5 Minuten virun Schluss per Elefmeter ausgläichen. D'Kréinug fir des Top-Saison blouf also aus. Trotzdem all Respekt fir daat Erreechten des Saison vun eisen Scolaires mam Opstig an d'1. Klass, 1. Plaz am 2. Tour vum Championnat vun der 1. Klass, Vize-Champion vun Lëtzebuerg, Erreechen vun der Coupe-Final an d'2. Plaz am Indoor-Championnat. Dir kënnt stolz op Iech sinn !