Zwou Rousperter Equipen an der Indoor-Final
De Weekend vum 2. an 3. Mäerz fannen d'Finalen vum Indoor-Championnat statt, wou den FC Victoria mat 2 Equipen vertrueden ass. Niewt den Scolaires hunn et de leschten Weekend och eis Pupilles gepackt an d'Finalronn anzezéihen.
D'FLF huet lo d'Halen fir d'Endronnen bekannt ginn. D'Pupilles spillen Samsdes, den 2. Mäerz ab 9.00 Auer zu Nidderkäerjeng an d'Scolaires sinn Sonndes, den 3. Mäerz ab 14.00 Auer zu Mënsbech am Asaatz.