2:1-Victoire zu Hueschtert

E Sonndeg den Owend konnt den FC Victoria am sechsten Testmatch säi véierten Erfolleg erréngen an sou zwou Wochen virum Saisonoptakt en Erfollegserliefnes verbuchen.

Géint de Ligakonkurrent Hueschtert war et de Jordy Soladio, den den FC Victoria an der 12.' a Féirung brénge konnt. No 49' konnt d'Lokalequipe per Foulelefmeter ausgläichen, éier de Mathieu Leroux an der 89.' konnt de Schlusspunkt setzen a sou fir eng Victoire fir d'Equipe vum Trainer Marc Thomé gesuergt huet.

E Mëttwoch steet de nächste Virbereedungsmatch géint Miersch aus der Éierepromotioun um Programm. Gespillt gëtt um 19.30 Auer um "bloen Eck" zu Steeën.

Programm vun de nächste Virbereedungsmatcher

Mëttwoch 28. Juli, 19.30 Auer: Miersch - Rouspert (synth. Terrain "bloen Eck", Steeën)

Samsdeg 31. Juli, 17.00 Auer: Rouspert - Monnerech (Terrain "Maartbësch", Bäerdref)

Mëttwoch 4. August: 19.30 Auer: Rouspert - Weiler (Terrain "Maartbësch", Bäerdref)