Huel dir elo däin Abo fir d'Saison 2023/2024 🔴🏟🔴
Déi 16. Saison an der Eliteklass steet virun der Dier. Och am neie Championnat, den Ufank August ugeet, brauch den FC Victoria nees déi gewinnt a beispillhaft Ënnerstëtzung vun alle Supporteren, getrei dem Motto „one club - one team“.
Sécher dir dofir elo däin Abonnement fir déi 15 Heemmatcher vun der Saison 2023/2024 an der Party-Rent-Arena zum Tarif vun € 120,00.
Dir kënnt dat maachen duerch d'Iwwerweisung op ee vun de folgenden zwee Konten:
CCPL: IBAN LU51 1111 0124 7660 0000
BIL: IBAN LU27 0026 1180 1990 0000
FORZA VICTORIA ‼️ 💪🔴⚽️🔴