Weidere Neizougang fir déi nei Saison
Als neie Spiller fir d’Saison 2023/2024 begréisse mir de Yanick Kissi.
Den 23 Joer alen Englänner huet an der Saison 2021/2022 schonns zu Lëtzebuerg ënner eisem Trainer Martin Forkel zu Berbuerg gespillt.
Nodeems hien fir déi lescht Saison an England zréckgaang ass, wëll de Yanick, den op der lénker Säit doheem ass, lo den Challenge BGL Ligue ugoen.
WELCOME YANICK !