Neiverflichtung Nummer sechs

Als weidere Neizougang présentéiere mir Eech haut de PHILIMON TAWIAH.

Den 23-järege Spiller aus dem Ghana ass op der Lénksverteidegerpositioun doheem.

Säit Januar 2019 war hien beim SC Paderborn an der 2. Equipe an der Oberliga Westfalen aktiv, wou hien och eng Zäit mam Profikader ënner dem Trainer Steffen Baumgart trainéiert huet.

Welcome Phili !

Raul Ferreira nees zréck beim FC Victoria

No engem Prêt vun engem Joer op Iechternach, kënnt de RAUL FERREIRA nees zréck bei den FC Victoria.

De Raul ass 19 Joer al an huet virdrun all Jugendkategorien bei eisem Veräin duerchlaf.

Hien ass um Terrain flexibel asetzbar.

Welcome Raul !

Véierte Neizougang beim FC Victoria

Mam JURI AMIDON wiesselt en 20-järegen Defensivspiller fir déi nei Saison op Rouspert.

De Juri huet déi lescht Saison beim FC Homburg gespillt.

Weider Statiounen vun him waren Eintracht Tréier, Mosella Schweich an Tréier-Tarforst.

Welcome Juri !



 

Verstärkung fir de Stuerm

Mam MILISLAV POPOVIC huet sech den FC Victoria fir déi nächst Saison am Stuerm verstärkt.

Hien ass 25 Joer al an huet déi lescht Saison bei Strumska Slava a Bulgarien gespillt.

Virdrun war den 1,90m grousse Stiermer, den déi australesch a kroatesch Nationalitéit huet, e.a. bei Lafnitz (Éisterräich), 1. FC Köln, Eintracht Braunschweig, Havelse, Lazio Roum an a sénger australescher Heemecht aktiv.

Welcome Mili !

Merci Jeff

Den FC Victoria muss ouni de Jeff Lascak fir déi 15. Saison an der Nationaldivisioun plangen. Knapp dräi Wochen virum Optakt vun der Meeschterschaft 2022/2023 huet eise verdéngschtvollen Offensivspiller schwéieren Häerzens beschloss, fir elo mat dem Fussballspillen an dem Leeschtungssport opzehalen.

Dauerhaft Hëftproblemer hunn dem Jeff och no der OP 2021 an neierdéngs säit dem Start vun der Saisonvirbereedung vill Problemer gemaach. Mat 28 Joer huet de Rousperter Jong déi net einfach Entscheedung getraff an dat mat emotionalen Wierder offiziell dem Comité, an och dem Trainerstaff an de Kaderspiller virum Training e Méindeg Owend offiziell matgedeelt.

Am Palmares vum Jeff, den säit dem 20. Januar 2003 beim FC Victoria lizenzéiert ass, stinn insgesamt 116 Matcher an der Nationaldivisioun. 42 Goaler, dovunner eng Rei mat ganz entscheedendem Charakter, ergänzen d'Statistik. Dobäi kommen 57 Matcher an der Eiérepromotioun mat weideren 45 Goaler, wou hien an der Opstigssaison 2013/2014 beschte Buteur mat 30 Goaler war. Donieft stinn eng Rei Beruffungen an der Lëtzebuerger U21-Selektioun.

Den FC Victoria wäert den Jeff bei enger passender Geleeënheet virun engem Heemmatch offiziell fir seng Verdingschter éieren.