Sechs Testmatcher virum Saisonsoptakt
Säit dem leschte Mëttwoch ass eis 1. Equipe mat der Virbereedung op déi nei Saison amgaang, déi wäert déi 16. fir eise Veräin an der héchster Spillklass sinn.
Wärend dëser Virbereedungszäit spillt d’Equipe vum Trainer Martin Forkel sechs Testmatcher. Den éischte richtege Formcheck steet schonns e Samsdeg um 15.00 Auer zu Losheim am Saarland géint den däitsche Drëttligist 1. FC Saarbrécken um Programm, den déi lescht Saison do op der fënnefter Plaz ofgeschloss huet a knapp den Opstig an d‘2. Bundesliga verpasst huet.
Bei der Generalprouf eng Woch virum Optakt vum Championnat zu Miersch kréien déi Rousperter Spiller et virun heemeschem Public mam Regionalligaopsteiger TuS Koblenz ze dinn.
De Programm vun den Testmatcher am Iwwerbléck
Datum |
Ustouss |
Match |
Terrain |
Samsdeg 1. Juli |
15:00 |
1. FC Saarbrücken - FC Victoria Rouspert |
Losheim am See (Stadion Weiherberg) |
Samsdeg 8. Juli |
15:00 |
Rot-Weiß Hasborn - FC Victoria Rouspert |
Hasborn (Waldstadion) |
Freideg 14. Juli |
19:30 |
FC Victoria Rouspert - FC Lorentzweiler |
Bäerdref (Terrain Maartbësch) |
Mëttwoch 19. Juli |
19:30 |
FC Victoria Rouspert - FSG Ehrang-Pfalzel |
Rouspert, Party-Rent-Arena |
Sonndeg 23. Juli |
15:00 |
FC Victoria Rouspert - Blau-Weiß Friesdorf |
Rouspert, Party-Rent-Arena |
Samsdeg 29. Juli |
16:00 |
TuS Koblenz - FC Victoria Rouspert |
Gückingen |