Martin Forkel neien Trainer beim FC Victoria

Nodeems eis Equipe gëschter um leschte Spilldag de Verbleif an der BGL Ligue konnt sécheren, steet dann och lo fest wien neien Trainer gëtt.

Ab der nächster Saison wäert de Martin Forkel neien Cheftrainer bei der 1. Equipe vum FC Victoria ginn. Hien trëtt domadder d'Nofolleg vum Marc Thomé un, den de Veräin no 3 Joer verléisst.

De Martin Forkel ass 42 Joer al an huet déi lescht 1,5 Joer den FC Berdenia Berbuerg an der Éierepromotioun trainéiert. Virdrun war hien Assistent vum Winfried Schäfer bei der Nationalequipe vum Vietnam an och Coach vun den U19 vum 1. FC Saarbrécken.

Als Spiller huet hien e.a. 164 Asäz an der 2. Bundesliga fir Greuther Fürth, Wacker Burghausen an TuS Koblenz.

Mir wënschen him alles Guddes bei senger neier Missioun.

WELCOME MARTIN !

Alles an d'Karibik 2022

No 2 Joer Coronapaus ass et nees souwäit. Dann heescht et zu Rouspert op Péngstsonndeg (5. Juni) nees "Alles an d'Karibik".

Music: DJ Dee, DJ Ohzy

Special Cocktails

Presale: € 10,00

Virverkaf-Tickets kritt dir e.a. bei Side-Lane zu Iechternach.

Oweskeess: € 12,00

Location: Centre Culturel "Reemerhof"

PLANG VUN DE LATE NIGHT BUSSEN:   HERE

Entscheedende Match fir eis Damen

Fir eis Damen-Equipe vun der Ent. Rouspert/Bäerdref-Konsdref steet och e Samsdeg e ganze wichtege Match um Programm, wou sech entscheet, ob sie hir Plaz an der éischter Liga direkt kënnen halen oder ob sie mussen den Ëmwee iwwer e Barragematch goen.

Géigner ass do den aktuellen Tabellesechsten vun Ell, deemno keng einfach Aufgab, déi eis Equipe erwaart.

Ugepaff gëtt e Samsdeg um 19.00 Auer zu Rolingen. Mir hoffen do och op eng zahlräich Ënnerstëtzung fir eis Meedercher.

FORZA VICTORIA !!!

Alles a rout

E Sonndeg heescht et ab 16.00 Auer an der Party-Rent-Arena „Eis Final heiheem“. Am leschten Heemmatch vun der Saison huet den FC Victoria géint den FC Etzella alles an eegenen Hänn fir mat engem Erfolleg de Verbleiw an der Nationaldivisioun definitiv ze sécheren.

Dofir brauch eis Equipe vun Ufank un déi bedingungslos a stëmmgewalteg Ënnerstëtzung vun alle Rousperter Supporter zësumme mat eise Frënn vun de Spartinaikos. „Allez rout wäiss allez“ ass de Slogan, wou mir all sollen einheitlech am rouden T-Shirt oder rouden Trikot eis Präsenz a Sympathie weisen. Dofir ass och den Fan-Shop ab 15.00 Auer op.

Kommt dofir mat Zäit fir eis Jongen unzefeieren. Zësumme kënne mir als „Red Wall“ dofir suergen, dass den FC Victoria och an der 15. Saison nees an der Nationaldivisioun ka weiderspillen.

FORZA VICTORIA !!!

Licence UEFA 2022

Le FC Victoria Rosport a rempli tous les critères obligatoires de la procédure de licence UEFA pour la saison 2022/2023.

 

Par conséquent, il reste à publier les informations financières suivantes.

Download Fichier:

--> Audit 2021 <--

 

Rosport, le 22 avril 2022

 

Le Conseil d'Administration du FC Victoria Rosport