Skip to contentSkip to footer
FC Victoria Rosport

FC Victoria Rosport
FC Victoria Rosport

Umellen

500 Matcher an der BGL Ligue

13th October 2026

Football Club Victoria Rosport a.s.b.l

E Sonndeg beim Match zu Hesper huet den FC Victoria déi stolz Zuel vu 500 Matcher an der héchster Spillklass erreecht.

Dobäi konnt eis Ekipp, a bis lo 19 Saisonen, 151 Victoirë feieren. Donieft goufen et 113 Gläichspiller an 236 Nidderlagen.

Déi meeschte Matcher huet de Keeper Niklas Bürger mat 282 bestridden. Op Plaz 2 an 3 kommen an dëser Statistik de Johannes Steinbach mat 235 an de Kevin Marques mat 225 Matcher.

Déi meescht Goler fir eis Faarwen huet de Frank Wagner mat 50 markéiert. Duerno kommen de Jeff Lascak mat 42 an de Florian Weirich mat 32 Goler.

FORZA VICTORIA !!!

Fotograféiert vum FC Victoria Rosport

image