Verstärkung fir de Stuerm
Zum Schluss vun der Wantertransferperiod huet den FC Victoria mam Adham El Idrissi e neie Stiermer verflicht.
De 26-järegen Hollänner huet bis lo beim griecheschen Zweetligist PAE FC Kozanis gespillt.
A senger Jugend gouf hien 11 Joer laang beim hollännesche Rekordchampion Ajax Amsterdam ausgebild.
Des weideren koum den Adham och zu 5 Asäz an der U18 vu sengem Heemeschtsland.
WELCOME ADHAM !