2G beim Kayser-Cup

Léif Kayser-Cup-Frënn,

Bedéngt duerch déi aktuell sanitär Situatioun mam Covid-19 Virus wëllen mir all d'Equipen, Traineren a Visiteuren am Viraus informéieren, datt d'Veranstaltung Kayser-Cup 2022 (4. bis 9. Januar) ënnert dem Régime vum 2G stattfanne wäert, dee bis dohinner a Kraaft wäert sinn.

Et ass eis aus organisatoresche Grënn net méiglech fir eng Trennung tëscht enger Sportveranstaltung an enger Fräizäitveranstaltung kënnen ze maachen an dohier den Choix alles ënner 2G lafen ze loossen.

Daat bedeit konkret, datt vun eis beim Accès an d'Hal „am Bongert“ den Covid-Check wäert applizéiert ginn an dir dann e Bändchen kritt, waat déi ganz Deeg vum Kayser-Cup 2022 gülteg ass.

Dëst gëlt fir all Persoun iwwer 12 Joer an 2 Méint.

Mir wëssen em de schwieregen Ëmstand, deen dat fläit mat sech bréngt, leider ass et fir eis net anescht machbar fir des Veranstaltung iwwer puer Deeg korrekt duerchféieren ze kënnen.

Trotz de Contrainten hoffe mir op eng flott Editioun vum Kayser-Cup 2022.