Alles a rout

E Sonndeg heescht et ab 16.00 Auer an der Party-Rent-Arena „Eis Final heiheem“. Am leschten Heemmatch vun der Saison huet den FC Victoria géint den FC Etzella alles an eegenen Hänn fir mat engem Erfolleg de Verbleiw an der Nationaldivisioun definitiv ze sécheren.

Dofir brauch eis Equipe vun Ufank un déi bedingungslos a stëmmgewalteg Ënnerstëtzung vun alle Rousperter Supporter zësumme mat eise Frënn vun de Spartinaikos. „Allez rout wäiss allez“ ass de Slogan, wou mir all sollen einheitlech am rouden T-Shirt oder rouden Trikot eis Präsenz a Sympathie weisen. Dofir ass och den Fan-Shop ab 15.00 Auer op.

Kommt dofir mat Zäit fir eis Jongen unzefeieren. Zësumme kënne mir als „Red Wall“ dofir suergen, dass den FC Victoria och an der 15. Saison nees an der Nationaldivisioun ka weiderspillen.

FORZA VICTORIA !!!