Davis Spruds nees zréck beim FC Victoria
No enger hallwer Saison beim Champion Swift Hesper kënnt den Davis Spruds nees zréck op Rouspert.
De 25-Joer ale Verteideger huet tëscht 2019 an 2023 insgesamt 87 Matcher fir den FC Victoria an der BGL Ligue gespillt an dobäi 12 Goler markéiert.
Viru 4,5 Joer war den Davis vum FC Bitburg op d’Sauer gewiesselt.
Donieft koum hien och zu 4 Asätz bei den U21 vu sengem Heemechtsland Lettland.
WELCOME BACK DAVIS !