Coupe-Halleffinal vun eiser Damen-Equipe

E Samsdeg Owend um 19.00 Auer spillen eis Meedercher vun der Ent. Rouspert/Berdorf-Consdorf/Krëstnech zu Veianen d'Halleffinal vun der Coupe de Luxembourg. Et ass fir d'éischte Kéier an der Veräinsgeschicht, datt eis Equipe et sou wäit gepackt huet. Demno also eng historësch Chance fir d'Spillerinnen vum Trainer Carlo Calmes, sech fir d'Final ze qualifizéieren. Dofir kommt Sie e Samsdeg op Veianen ënnerstëtzen.

ALLEZ VICTORIA !!!