Neizougang am Ugrëff

Fir de Stuerm begréisse mir als Neizougang fir des Saison den Thiago Pato, mam volle Numm Thiago de Oliveira Marchionatti.

De 24 Joer ale Brasilianer, den och déi italienesch Nationalitéit huet, huet als lescht beim Camboriu FC a senger Heemecht gespillt a geet lo seng éischt Statioun an Europa un.

BEM-VINDO THIAGO !

 

Weidere Neizougang fir déi nei Saison

Als neie Spiller fir d’Saison 2023/2024 begréisse mir de Yanick Kissi.

Den 23 Joer alen Englänner huet an der Saison 2021/2022 schonns zu Lëtzebuerg ënner eisem Trainer Martin Forkel zu Berbuerg gespillt.

Nodeems hien fir déi lescht Saison an England zréckgaang ass, wëll de Yanick, den op der lénker Säit doheem ass, lo den Challenge BGL Ligue ugoen.

WELCOME YANICK !

Verstärkung fir den Offensivberäich

Den FC Victoria huet sech fir déi nei Saison am Offensivberäich mam André Redekop verstärkt.

Den 28-järegen Däitschen wiesselt vum 1. FC Bruchsal un d’Sauer.

Hien gouf an der Jugend bei der TSG Hoffenheim a bei Astoria Walldorf ausgebild.

Seng weider Statioune waren Kirrlach, Pforzheim an VfR Mannheim.

WELCOME ANDRÉ !

Huel dir elo däin Abo fir d'Saison 2023/2024 🔴🏟🔴

Déi 16. Saison an der Eliteklass steet virun der Dier. Och am neie Championnat, den Ufank August ugeet, brauch den FC Victoria nees déi gewinnt a beispillhaft Ënnerstëtzung vun alle Supporteren, getrei dem Motto „one club - one team“.

Sécher dir dofir elo däin Abonnement fir déi 15 Heemmatcher vun der Saison 2023/2024 an der Party-Rent-Arena zum Tarif vun € 120,00.

Dir kënnt dat maachen duerch d'Iwwerweisung op ee vun de folgenden zwee Konten:

CCPL:  IBAN LU51 1111 0124 7660 0000
BIL:     IBAN LU27 0026 1180 1990 0000

FORZA VICTORIA ‼️ 💪🔴⚽️🔴