Wichtelcher Cup 2023

SAVE THE DATES !!!

2. & 3. Juni 2023 @Rosport

Internationale Jugendtournoi fir Poussins (U11), Pupilles (U9) a Bambinis (U7)

 

Wantertransferen beim FC Victoria

Fir d’Réckronn an der BGL Ligue huet den FC Victoria sech am offensive Mëttelfeld mam Oege-Sietse Van Lingen (Foto, am orangen Trikot) verstäerkt. Den 23 Joer alen Hollänner huet des Saison bei den Harkemase Boys a senger Heemecht gespillt. Virdrun war hien e.a. beim FC Groningen an Cambuur Leeuwarden aktiv an huet och schonns mat eisem Stiermer Sam Crowther an enger Equipe zësummengespillt.

Des weideren wiesselt den Stan Trombini (19 Joer) vun den U19 vun Eintracht Tréier zréck op Lëtzebuerg an huet sech lo an der Wanterpaus dem FC Victoria ugeschloss.

De Raul Ferreira wäert an der Réckronn fir de Noper Daring Iechternach spillen.

Foto: topamateurvoetbal.com

Wantervirbereedung vun der 1. Equipe ass um Lafen

Säit dem 4. Januar ass d’1. Equipe vum FC Victoria schonns mat der Virbereedung op d’Réckronn an der BGL Ligue amgaang, déi den 12. Februar mam wichtegen Heemmatch géint den direkte Konkurrent vu Woltz start. No engem schlechte Saisonstart huet eis Equipe sech zréckgekämpft an ass lo nees voll am Renne fir d’Klass ze halen.

An den zwee éischte Préparatiounsmatcher gouf et zwou Victoire géint d’Éierepromotiounsvertrieder Gréiwemaacher (4:0) a Medernach (5:2). Dëse Mëttwoch (25. Januar) steet fir den FC Victoria den Déplacement bei d’Fola um Programm, éier dann de Weekend de Wintercup vun der SG Sauertal zu Rolingen usteet. Am Aussscheedungsmatch e Samsdeg trëfft d’Equipe vum Trainer Martin Forkel um 13.00 Auer op de Leader vun der Rheinlandliga FC Hochwald Zerf. E Sonndeg heescht de Géigner dann entweder Eintracht Tréier oder RFCU Lëtzebuerg. Den Ustouss ass do entweder um 13.00 oder 15.30 Auer. De leschte Virbereedungsmatch spillt eis Equipe Sonndes, de 5. Februar um 15.00 Auer zu Rouspert géint Schëffleng (aktuellen Tabellenzweeten an der Éierepromotioun).

De Programm am Iwwerbléck:

Samsdeg 14/01/23: Gréiwemaacher – Rouspert 0:4
Samsdeg 21/01/23: Rouspert – Medernach 5:2
Mëttwoch 25/01/23: Fola – Rouspert 1:2
Samsdeg 28/01/23: Rouspert – Hochwald 4:5 n. Elfm.
Sonndeg 29/01/23: Rouspert – RFCU Lëtzebuerg 0:1
Sonndeg 05/02/23: Rouspert – Schëffleng 4:2

Beaujolais-Bal an der Buvette

Freideg, den 18. November ab 19.00 Auer

an der Buvette um Fussballterrain zu Rouspert

Music: DJ Ohzy

Fir gutt Stëmmung, Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt !!!

Org.: FC Victoria Rouspert

Vizverkaaf 2022

Och dëst Joer organisíert den FC Victoria säin traditionelle Vizverkaaf e Freideg 30.09 an Samsdeg 01.10 an allen Uertschafte vun der Gemeng Rouspert-Mompech.