Véierte Neizougang beim FC Victoria

Mam JURI AMIDON wiesselt en 20-järegen Defensivspiller fir déi nei Saison op Rouspert.

De Juri huet déi lescht Saison beim FC Homburg gespillt.

Weider Statiounen vun him waren Eintracht Tréier, Mosella Schweich an Tréier-Tarforst.

Welcome Juri !



 

Verstärkung fir de Stuerm

Mam MILISLAV POPOVIC huet sech den FC Victoria fir déi nächst Saison am Stuerm verstärkt.

Hien ass 25 Joer al an huet déi lescht Saison bei Strumska Slava a Bulgarien gespillt.

Virdrun war den 1,90m grousse Stiermer, den déi australesch a kroatesch Nationalitéit huet, e.a. bei Lafnitz (Éisterräich), 1. FC Köln, Eintracht Braunschweig, Havelse, Lazio Roum an a sénger australescher Heemecht aktiv.

Welcome Mili !

Merci Jeff

Den FC Victoria muss ouni de Jeff Lascak fir déi 15. Saison an der Nationaldivisioun plangen. Knapp dräi Wochen virum Optakt vun der Meeschterschaft 2022/2023 huet eise verdéngschtvollen Offensivspiller schwéieren Häerzens beschloss, fir elo mat dem Fussballspillen an dem Leeschtungssport opzehalen.

Dauerhaft Hëftproblemer hunn dem Jeff och no der OP 2021 an neierdéngs säit dem Start vun der Saisonvirbereedung vill Problemer gemaach. Mat 28 Joer huet de Rousperter Jong déi net einfach Entscheedung getraff an dat mat emotionalen Wierder offiziell dem Comité, an och dem Trainerstaff an de Kaderspiller virum Training e Méindeg Owend offiziell matgedeelt.

Am Palmares vum Jeff, den säit dem 20. Januar 2003 beim FC Victoria lizenzéiert ass, stinn insgesamt 116 Matcher an der Nationaldivisioun. 42 Goaler, dovunner eng Rei mat ganz entscheedendem Charakter, ergänzen d'Statistik. Dobäi kommen 57 Matcher an der Eiérepromotioun mat weideren 45 Goaler, wou hien an der Opstigssaison 2013/2014 beschte Buteur mat 30 Goaler war. Donieft stinn eng Rei Beruffungen an der Lëtzebuerger U21-Selektioun.

Den FC Victoria wäert den Jeff bei enger passender Geleeënheet virun engem Heemmatch offiziell fir seng Verdingschter éieren.

Spielplan BGL Ligue Saison 2022/2023

Hinrunde:     Rückrunde:  
07/08/2022 Monnerich - Rosport   12/02/2023 Rosport - Wiltz
14/08/2022 Wiltz - Rosport   19/02/2023 Jeunesse - Rosport
21/08/2022 Rosport - Jeunesse   26/02/2023 Rosport - Niederkorn
28/08/2022 Niederkorn - Rosport   05/03/2023 Hostert - Rosport
04/09/2022 Rosport - Hostert   12/03/2023 Rosport - RFCUL
11/09/2022 RFCUL - Rosport   19/03/2023 Strassen - Rosport
18/09/2022 Rosport - Strassen   29/03/2023 Rosport - Titus Petingen
09/10/2022 Titus Petingen - Rosport   02/04/2023 Etzella - Rosport
16/10/2022 Rosport - Etzella   08/04/2023 Rosport - Fola
23/10/2022 Fola - Rosport   16/04/2023 Differdingen - Rosport
06/11/2022 Rosport - Differdingen   23/04/2023 Rosport - Mondorf
13/11/2022 Mondorf - Rosport   30/04/2023 Hesperingen - Rosport
27/11/2022 Rosport - Hesperingen   07/05/2023 Rosport - Düdelingen
04/12/2022 Düdelingen - Rosport   14/05/2023 Käerjeng - Rosport
11/12/2022 Rosport - Käerjeng   21/05/2023 Rosport - Monnerich

 

Download: kompetter Spielplan BGL Ligue 2022/2023

Programm vun den Testmatcher steet

Nodeems eis 1. Equipe lescht Woch an d’Virbereedung op déi nei Saison gestart ass, steet e Sonndeg och den éischten Testmatch um Programm. Um 16.00 Auer trëtt den FC Victoria zu Iechternach géint d’Jeunesse vun Esch un. Dëse Match fënnt am Kader vum 100. Anniversaire vum FC Daring statt.

Am ganze sti fir d’Equipe vum neien Trainer Martin Forkel 7 Virbereedungsmatcher un fir sech anzespillen, éier de Weekend vum 7. August de Championnat an der BGL Ligue nees ufänkt.

Programm

Sonndeg 3. Juli: 16.00 Auer: FC Victoria Rouspert – Jeunesse Esch (Terrain Iechternach)

Sonndeg 10. Juli: 15.00 Auer: FSG Ehrang-Pfalzel – FC Victoria Rouspert (Terrain Kanzem/D)

Mëttwoch 13. Juli: 20.00 Auer: FC Victoria Rouspert – Blo-Wäiss Medernach (Terrain Bäerdref)

Samsdeg 16. Juli: 17.00 Auer: SG Hochwald – FC Victoria Rouspert (Terrain Greimerath/D)

Dënsdeg 19. Juli: 20.00 Auer: US Hueschtert - FC Victoria Rospert (Terrain synth. Hueschtert)

Samsdeg 23. Juli: 17.00 Auer: SV Mettlach – FC Victoria Rouspert (Terrain Mettlach/D)

Dënsdeg 26. Juli: 19.30 Auer: Ausscheedungsmatch Tournoi UMW: FC Victoria Rouspert – Berdenia Berbuerg (Terrain Mäertert)

Samsdeg 30. Juli: Final/Spill em Plaz 3 Tournoi UMW: FC Victoria Rouspert – CS Gréiwemaacher/Union Mäertert-Waasserbëlleg (Terrain Mäertert)

Sonndeg 31. Juli: 15.00 Auer: FC Victoria Rouspert - Blau-Weiß Friesdorf (Terrain Bäerdref)