Beaujolais-Bal an der Buvette
Freideg, den 18. November ab 19.00 Auer
an der Buvette um Fussballterrain zu Rouspert
Music: DJ Ohzy
Fir gutt Stëmmung, Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt !!!
Org.: FC Victoria Rouspert
Freideg, den 18. November ab 19.00 Auer
an der Buvette um Fussballterrain zu Rouspert
Music: DJ Ohzy
Fir gutt Stëmmung, Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt !!!
Org.: FC Victoria Rouspert
Och dëst Joer organisíert den FC Victoria säin traditionelle Vizverkaaf e Freideg 30.09 an Samsdeg 01.10 an allen Uertschafte vun der Gemeng Rouspert-Mompech.
Als neie Spiller fir d’Saison 2022/2023 présentéiere mir Eech haut den ERNESTO CARRATALA JIMÉNEZ, kuerz genannt TICO.
Den 22-järegen Däitsch-Kubaner ass op den offensiven Aussepositiounen doheem.
Hien wiesselt vum FC Hennef 05 un d’Sauer.
Weider Statioune vum Tico waren den SV Deutz, TuS Köln, Viktoria Köln a Bergisch-Gladbach.
WELCOME TICO !
Fir de Stuerm huet den FC Victoria de GLEN HABIMANA verflicht.
Den 20-järege Belsch huet déi lescht Saison bei Union Fürstenwalde (D) an der Regionalliga Nordost gespillt.
Weider Statiounen vun him waren den FC Malines (B), Lierse (B), NAC Breda (NL) an VV Barnonie (NL).
WELCOME GLEN !
Fir déi nei Saison wiesselt de YAN BOUCHÉ bei den FC Victoria.
Den 23-järege Mëttelfeldspiller war déi lescht Saison beim FC Jammerbugt an Dänemark a bei Royal Excel Mouscron an der Belsch aktiv.
Virdrun huet hien fir den RFCU Lëtzebuerg an zwou Saisonen 39 Matcher an der BGL Ligue gespillt an dobäi 5 Goaler markéiert.
An der Jugend gouf de Yan, dem säin éíschte Club den CS Gréiwemaacher war, beim OSC Lille, Alemannia Aachen an Arminia Bielefeld ausgebild.
WELCOME YAN !