Knappen Erfolleg géint Tarforst

Am leschte Virbereedungsmatch gouf et fir den FC Victoria gëschter Owend eng 2:1-Victoire géint Trier-Tarforst.

An dëser Partie huet eis Equipe et verpasst, trotz ville gudde Méiglechkeeten nach weider Goaler ze markéieren, déi se sech dann hoffentlech fir e Sonndeg opgehuewen hunn.

Déi dräi Goaler si gëschter all an der éischter Hallschent gefall. Fir den FC Victoria waren de Johannes Steinbach (10.') an de Brian Moding (40.') erfollegräich.

Kloer Victoire zu Wuermer

Eng kloer 6:0-Victoire gouf et fir eis 1. Equipe gëschter Owend beim Testmatch zu Wuermer.

Nodeems de Jordy Soladio (24.') an de Mike Tchantchou (40.') an der 1. Halschent markéieren konnten, waren no der Paus de Jeff Lascak (53.'), Gonçalo Rodrigues (60.'), Johannes Steinbach (72.') an Johann De Doncker (78.') erfollegräich.

E Sonndeg trëtt eis Equipe am zweetleschte Virbereedungsmatch um 16.00 Auer zu Hesper un.

D'Wantervirbereedung vun der 1. Equipe ass um Lafen

Leschte Samsdeg hat eis 1. Equipe hiren éischten Testmatch am neie Joer ausgedroen. Géint Mondorf gouf et fir d’Spiller vum Trainer Marc Thomé, trotz enger Rei gudder Chancen, eng 1:3-Nidderlag. De Gol fir den FC Victoria huet an der 78.‘ en Testspiller markéiert. Bis zum Optakt vun der Réckronn an der BGL Ligue zu Déifferdeng de 6. Februar stinn nach dräi weider Virbereedungsmatcher um Programm fir sech de leschte Feinschliff ze huelen.

Weider Testmatcher am Iwwerbléck

Donnëschdeg, 27. Januar 2022: Koeppchen Wuermer - FC Victoria Rouspert (19.30 Auer, Terrain synth. Wormeldange)

Sonndeg, 30. Januar 2022: Swift Hesper – FC Victoria Rouspert (16.00 Auer, Stade Alphonse Theis, Hesperange)

Mëttwoch, 2. Februar 2022: FC Victoria Rouspert – FSV Trier-Tarforst (19.30 Auer, Party-Rent-Arena, Rosport)

KAYSER-CUP 2022 CANCELLED

Als FC Victoria Rouspert musse mir Iech leider matdeelen, dat de KAYSER-CUP 2022, den hätt solle vum 4. bis 9. Januar stattfannen, vun eis ofgesot ginn ass.

Opgrond vun neien kuerzfristege Mesuren, déi beschloss gi sinn am Kader vun der Covid-19-Thematik, gesi mir keng Méiglechkeet dëst Event iwwer déi ganz Deeg lafen ze loossen.

Mir sinn zum Entschloss komm, dat déi néideg Planungssécherheet fir sou en Event kënnen gutt ze organiséieren a lafen ze loossen net ginn ass, an déi nei Mesuren et net zouloossen.

Mir hätten gären rëm eng schéi KAYSER-CUP-Woch am Bongert erlieft, leider hätt et net solle sinn.

Mir kucken no vir an freeën eis op den KAYSER-CUP 2023.

An dësem Senn, bleift gesond a monter.

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch !

Official Timetable Kayser-Cup 2022