ÄDDI DENIS
Den Denis Pfeiffer huet säi leschte Match ausserhalb vum Fussballterrain verluer. Laang Méint huet eise Co-Trainer géint seng schlëmm Krankheet gekämpft a mir all am Veräin hu gehofft, dass et nach emol zu engem Comeback a senger zouverlässeger a virbildlecher Funktioun kënnt kommen.
Leider war dat dem Denis net méi vergënnt. Seng Plaz op der Trainerbänk bleift elo eidel. En Dënschdeg Nomëtteg huet hien eis am Alter vu 64 Joer fir ëmmer verlooss.
Um Ufank vun der Saison 2019/2020 war den Denis, dee fir seng Jovialitéit bekannt war, zesumme mat eisem Cheftrainer Marc Thomé bei den FC Victoria komm, wou hien zesumme mat dem aneren Assistent Sergio Marques an dem Keepertrainer Markus Reuter säi Fachwëssen an den Déngscht vun de Spiller gestallt huet. Virdrun huet den Duo Thomé/Pfeiffer schonn als Trainerstaff bei de Veräiner CS Gréiwemaacher, FC Déifferdeng 03 a Jeunesse Esch an der BGL Ligue zesumme geschafft.
„Fir mech perséinlech ass den Doud vum Denis en immens grousse mënschleche Verloscht. Mir hate säit iwwer 10 Joer bal all Dag Kontakt mateneen an eis Aarbecht war all déi Zäit vun engem grousse Vertrauensverhältnes gepräägt“, esou de Marc Thomé an enger éischter Reaktioun.
Den Trainerstaff, d’Kaderspiller, de Comité, all d‘Supporter vum Rousperter Fussballveräin an déi vill Bekannten aus dem nationale Fussball, drécken dem Denis senger Fra Michèle a senge Kanner Kim, Céline a Kevin an dëse schwéiere Stonnen hiert déifste Matgefill aus.
Den FC Victoria wäert am Kader vum Heemmatch nächste Samsdeg um 16.00 Auer géint den F91 Diddeleng mat engem Trauerflor oplafen, fir sengem Co-Trainer nach emol besonnesch ze gedenken.